Well, wéi et schéngt, vill Leit dëse Méindeg nach (oder erëm) an der Vakanz sinn an et och nach Stater Braderie a Schueberfouer ass gi mer dovun aus, datt et e rouege Clubowend gëtt.
Wann d'Wieder gutt ass (an aktuell gesäit et esou aus) kënne mer eng Fotosortie duerch Walfer oder an der noer Ëmgéigend maachen...oder mir sëtzen eis am Studio zesummen a plangen un enger nächster Aktivitéit.
Mir treffen eis dofir schonn um 19h00 (!) beim Studio an decidéieren zesumme wat mer maachen.