Cubowend mat Fotoanalys

Mir kucken an analyséieren zesummen eis Fotoen, déi mer de 5.8. um Kierchbierg an den 10.8. am Mëllerdall gemaach hunn.

Jiddereen, dee bei dësen Aktivitéiten dobäi war a Fotoe gemaach huet, soll w.e.g. eng kleng Kollektioun (net méi wéi 8 Biller pro Aktivitéit) dovu mat an d'Reunioun bréngen.

Wat d'Analys vun de Biller ugeet, do ass jiddereen am Sall gefrot, seng éierlech Meenung zu all Foto ze soen an déi och ze motivéieren. Nëmmen esou léiere mer alleguer eppes bäi!