Sou wéi et ausgesäit, solle mer och dëst Joer de Vollekslaf couvréieren.
Dofir brauche mer 4 - 6 Fotografen/Memberen, déi Erfarung mat Sportsfotografie hunn an de Sonndeg, 6. Oktober vun 9h00 bis 13h00 disponibel sinn.
Wien Zäit a Loscht huet ka sech och elo scho beim Sekretär oder beim President mellen. Am September maache mer dann den Opruff per "InfoMail".