Fir den 2. Deel vum WFF-Joer unzefänken, mol nees een "normalen" Clubowend!
RV um 19h30 (!) am Studio.
Mir wëllen zesummen déi Fotoe kucken a kommentéieren, déi der rezenz gemaach hutt. De Sujet ass fräi an et däerfen och "Vakanzefotoe" sinn ... ;-)
Setzt är (maximal 12) Fotoe w.e.g. an der Member Area an de Photo Drop. Da kënne mer se direkt vu do aus kucken a verléiere keng Zäit mam Erofluede vun USB-Sticken!