Soirée "Jeu de quilles" am Café de la Fontaine, 86, rue de Mersch zu Goussel (Gosseldange).
RV. um 19h00 fir den Apéro!
Géint 20h00 gëtt et dann Ham, Fritten an Zalot an dofir musse mer d’Zuel vun de Matéisser uginn. Leider gëtt et zu dësem Menu keng Alternativ a wie keng Ham wëll, muss mat Fritten an Zalot zefridde sinn oder däerf déi Zäit säi Keelespill trainéieren.
Mellt iech also w.e.g. bis spéitsdens den Donneschdeg, 9.11.2023 beim President oder beim Sekretär (idealerweis per Mail oder WhatsApp) un a sot eis, zu wéivill der kommt a wéi et mam Iessen ass.