Fotosausstellung vum Alfredo Cunha am MNHA um Feschmaart
De Sonndeg, 12. Januar 2025 um 16h00, mécht de Georges Weyer eng Féierung (op Lëtzebuergësch!) duerch d'Ausstellung "The Man and the Myth" mat Fotoe vum Fotograf Alfredo Cunha am Nationalmusée.
Dat ass dann déi läscht Méigelechkeet, d'Ausstellung nach ze gesinn. Den Entrée ass fräi!
Avis aux amateurs!
Wann der matgoe wëllt, mellt iech w.e.g. un, entweder per WhatsApp oder Mail bei eisem Sekretär oder direkt am Nationalmusée : +352 47 93 39 214/414