MODELGRUPP-INFO
Bei der Table-ronde vum 18. September gouf folgendes festgehalen:
- Den Aarbechtsgrupp Modelfotografie preparéiert e "Pin-Up" Fotoshooting dee viraussiichtlech am Januar oder Februar 2025 stattfanne wäert.
- All d'Memberen, déi un dësem Shooting matschaffe wëllen, solle w.e.g. un däer nächster Table-ronde deelhuelen. Iddien a Propositioune si wëllkomm.
- All Member, deen am Aarbechtsgrupp um Pin-Up (oder un engem anere) Shooting matschafft, däerf prioritär um Shooting deelhuelen an de Set no senge Virstellungen opbauen.
- Am Kader vun de Preparatiounen léieren d'Participanten wéi een e Fotoshooting organiséiert a beim Shooting selwer kënne se sech coache loossen.
Déi nächst Table-ronde ass den Dënsdeg, 8. Oktober um 19h30 an eisem Studio.
Sujeten, déi behandelt ginn, sinn: De geplangte Pin Up Shooting, Studioblëtztechnik Workshop, Biller vun ale Meeschteren am Studio nostellen, Stroossefotografieszenen mat Statisten nostellen.
Clubmemberen, déi bei dësem oder bei anere Projeten matmaache wëllen, sinn häerzlech invitéiert!