Walfer Foto-Frënn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 CLUBNEWS

CLUBNEWS

- De sujet imposé vum Salon National ass "Brécken". Mir wëllen dëst Joer als Club matmaachen an hoffen, datt sech méigelechst vill Membere bedeelegen. Wie Froen heizou hueet, kann déi gären an enger Reunioun stellen. Closing ass de 14.7.2024!

- Mir organiséieren dëst Joer och nees ee "Concours Interne" un deem all eis aktiv Memberen deelhuele kënnen. Closing ass den 22. September 2024 an hei ass d'REGLEMENT.

- Eise "Mid Season BBQ" steet dëst Joer ganz am Zeeche vun de 40 Joer WFF an ass de Samsdeg, 20.7.2024 ab 17:00 Auer bei der Gemengerégie.

- Vum 26.7. bis den 28.7.2024 fuere mer an d'Vogesen op eng (Foto-)Juegd op d'Gamsen. 5 Leit hu sech ugemellt an domat ass de Grupp komplett an et ass leider keng Plaz méi fräi.

- Fir déi, déi Fotoe vun Autoe maache wëllen: De Classic Vehicle Club Berbourg organiséiert säin alljärlecht OLDTIMERTREFFEN den 28.7. 2024 zu Berbourg. Et geet um 10h00 lass, ma ab Mëtteg sinn di meeschten Autoen op der Plaz.

- Vum 27.9. bis den 29.9.2024 ass de Club fir e Fotoweekend zu Budapest. Mat 14 ageschriwwene Memberen ass d'Rees leider schonn ausgebucht.

- De Freideg 18.10.2024 gi mer nees op Goussel Keele spillen.