„WALFERDANGE, MON PAYS 1967/1968”

Dëse Film, deen de SIT Walfer an de Joren 1967/68 gedréint huet, gouf vum Alain Weins nei arrangéiert an ass en eenzegartegt Zäitdokument iwwer d’Liewen an eiser Gemeng viru méi wéi 40 Joer.

Déi nei Versioun vum Film, déi 2009 bei der Porte ouverte vun der Maison Dufaing fir d’éischte Kéier engem begeeschterte Walfer Publikum gewise ginn ass, ass elo endlech och als DVD ze kréien.
Dir kritt den DVD fir 12€ an der Rezeptioun vun der Walfer Gemeng ze kaafen.
 


Dir kënnt den DVD mam Film “Walferdange, mon pays 1967/1968“ och bestellen andeems Dir eis en Email op eis Adress wff@wff.lu schéckt wourann Dir eis ären Numm an är Adress ugitt a gläichzäiteg de Betrag vun 14 € (DVD 12 € + Porto 2 €) op eise Postscheck Nummer LU47 1111 0031 6662 0000 iwwerweist.


Le DVD du film “Walferdange, mon pays 1967/1968“ est en vente à la réception de la mairie de Walferdange pour le prix de 12€ ou peut être commandé par e-mail à notre adresse wff@wff.lu avec indication de vos nom, prénom et adresse. Le DVD vous parviendra dans les meilleurs délais, dès réception du montant de 14 € (DVD 12 € + port 2 €) sur notre compte cheque postal No. LU47 1111 0031 6662 0000 (mention “DVD”).

DVD "Covercard"