De Mëttwoch 17. Abrëll treffe mer eis um 19:00 Auer (!) am Park vum Maredoc zu Heeschdrëf (Heeschdrëffer Parc) fir do Fotoe vun de Fréijorsblummen a -Planzen ze maachen.
RV an der Enceinte vum Heeschdrëffer Schlass (Maredoc). D'Entrée ass an der Rue de Mullendorf.
Wann et richteg déck reent a keng Aussiicht op Opklärunge besteet, ass de RV um 19h30 am Studio. W.e.g. virdrunn op www.wff.lu d'News kucke goen wann et Zweifelen un der Meteo gëtt!