Déi 16 Auteuren, déi beim desjärege Salon matmaachen, kënne mëttwochs, den 21. Juni vu 16:00 Auer un hir Biller an der CAW ophänken. Schluss ass viraussiichtlech um 20:00 Auer.
Wien den 21.6. net kann do sinn, huet nach donneschdes, den 22.6. am Nomëtteg d'Méigelechkeet, seng Biller opzehänken, muss dat awer am Viraus umellen. Den 22. owes ass d'CAW wéinst de Feierlechkeete fir den Nationalfeierdag zou.
Wie guer net fir de Montage kann do sinn, soll w.e.g. seng Fotoen engem Kolleeg matginn oder eisem Sekretär mat Zäit Bescheed soen, fir datt aner Leit sech ëm d'Ophänke këmmeren.