De Sonndeg 27.11.2022 treffe mer eis um 13:30 Auer am Fond-de-Gras fir e Fotoshooting a Steampunkatmosphär vu 14:00 bis 18:00 Auer an der Hal vum Train 1900 an och ronderëm.
D'Memberen aus dem Uelzechtsdall, déi bei Shooting matmaachen, kënnen och bei de Studio kommen. Um 12h45 fuere mer vun do aus fort an de FdG.
Wann d'Wieder matspillt, kréie mer eng Lokomotiv erausgestallt an de ganze Mëtteg si Modelen a Steampunkkostuméierung dobäi.
Oppassen: An der Hal ass et relativ däischter a géint 5 Auer ass dat och dobaussen de Fall, sou datt jiddereen op mannst säi Blëtz oder soss eng Liichtquell sollt dobäi hunn.
De Club iwwerhëlt en Deel vun de Käschten, ma et bleiwe viraussiichtlech nach ca. 100€ tëscht de Participanten opzedeelen. Dat geschitt dann op der Plaz.
Fir de Shooting preparéieren ze kënnen, musse mer wëssen, wéivill Fotografe matmaachen. Dofir mellt iech w.e.g. bis spéitsdens e Méindeg (21.11.) beim Ralph un!
Idealerweis per WhatsApp, ma Mail geet och.