Fotosortie op Miersch

De Mëttwoch, 27. Juli um 19:00 Auer treffe mer eis zu Miersch beim Alen Tuerm (um Parking) a maachen dann e Fotos-Trëppeltour duerch d'Uertschaft an an de Parc. Uschléissend gi mer zesummen e Patt huelen.

Wann d'Météo deen Dag net sollt matspillen, treffe mer eis um 20h00 am Studio a këmmeren eis ëm de Rosé an de Béier, déi vun eisem BBQ iwwereg bliwwe sinn ;-))

Kuckt also w.e.g. virdrunn an den News ob den Tour eventuell ofgesot ass.