RV à 20h00 au studio.
Den Dan Schmit weisst eng Selektioun vu senge rezente Fotoen! - avec une présentation de photos de Dan Schmit.
Ausser et ass eng speziell Clubaktivitéit ugekënnegt, sinn d'Memberversammlungen normal Reuniounen, wou d'Membere sech begéinen fir sech (haptsächlech) iwwer Fotografie ze ënnerhalen an auszetauschen.
Wann an dësem Kontext e Member Froen iwwer Fotografie, Technik, Fotoveraarbechtung asw. huet, hei ass d'Plaz fir déi ze stellen!
Eis Memberversammlunge sinn normalerweis den éischte Méindeg am Mount an daueren an der Regel 2 Stonnen ma et ass Schluss, wann dee läschten d'Dier hannert sech zougemaach huet. Eng knapp Stonn ass reservéiert fir d'Presentatioun vu Fotoen (ca 15 - 20 Minutten) mat uschléisssender Diskussioun. All Member, dee seng Fotoen hei weise wëll, kann eng Presentatioun beim President oder beim Sekretär ufroen!
Tout membre intéressé à montrer ses oeuvres dans le cadre de ces réunions peut en faire la demande auprès du président ou du secrétaire!