Méindesversammlung mat Fotopresentatioun vum Rol Muller

Mir treffen eis um 20h00 am Studio, schwätze Fotografie, tauschen Erfahrungen aus, sichen Äntwerten op Froen a kucken zesummen d'Fotoen, déi eis Memberen an de läschte Wochen eleng, a klenge Gruppen oder bei Clubaktivitéiten gemaach hunn.

Doniewt weist de Rol eis den Owend eng Kollektioun vu senge rezente Fotoen!

Vun elo un si Fotopresentatiounen e feste Bestanddeel vun eise Versammlungen a ginn och am Viraus ugekënnegt. Den Auteur ass dobäi a gëtt, wa gewënscht, Explikatiounen zu senge Fotoen.

All Member ka sech fir esou eng Presentatioun umellen.