Fotowalk am Helsemer Bėsch (Pilztour)

De Samsdeg, 2. Oktober um 10:00 Auer treffe mer eis um Parking vum Walfer Trimparcours (CR125 - Walfer Richtung Stafelter an der Kéier riets) fir een Trëppeltour vun ca 2 - 3 Stonnen.

Am Prinzip maache mer dat selwécht wéi d'läscht Joer: Méigelechst vill a schéi Pilzer fannen fir déi ze fotograféieren ... dëst Joer awer ouni Pilz-Expert. Deen (de Fernand Schiltz) ass mat der Walfer LSAP-Sektioun zäitgläich an op däer selwéchter Plaz ënnerwee. Mir kucken op der Plaz ob mer eis hinnen uschléissen oder ob mer eisen eegene Wee trëppelen.

Fotoapparat mam adequaten Objektiv, klenge Stativ, Blëtz an/oder Täscheluut apaken a lass!