PhotoMeet - Choix vun de FotoŽ fir d'Expo Bicherdeeg 2021

R.V. am Studio um 19:00 Auer

Aus all de Fotoen, déi eis Memberen bei de Bicherdeeg 2019 gemaach hunn, siche mer déi 25 eraus, déi mer am Hierscht bei de Bicherdeeg 2021 ausstelle wëllen.

Wien nach Fotoen huet, déi e bis elo nach net agereecht huet, soll déi w.e.g. dem President schécken!

Momentan gesäit et esou aus, wéi wann et dëst Joer nees Bicherdeeg géife ginn. Pandemiebedingt wäerten déi e bessi anëscht ausgesinn, wéi mer et bis elo gewinnt waren, ma eng Fotosausstellung vun de WFF soll weiderhin dozou gehéieren.