Waassershooting beim Rui an der Hal

De Weekend vum 21.8.2021 ass e Waasser- resp. Reeshooting bei eisem Sekretär an der Hal. D'Modelen posen an engem flaache Baseng ënner enger iwwerdimensionaler Dusch  ...

Well dëse Shooting zimlech vill Preparatioun verlaangt, fënnt e just statt, wa sech genuch Memberen dofir umellen. Umeldung w.e.g. per E-Mail un de President bis Enn Juli!

De Shooting ass fir samsdes geplangt, ma wa sech méi wéi 5 Fotografen umellen, gëtt och nach de Sonndeg bäigeholl. Schreift also är Disponibilitéiten (Sa an/oder So) an är Mail.