Splash

Mir treffen eis um 20:00 Auer am Studio a probéieren eisen neien "Waterdrop Kit" aus. Dat heescht, mir loossen Drëpsen an eng Schossel mat Waasser falen a knipsen dat, wat doraus entsteet.

Wa mer bis dohinner eise "Smart Trigger" fir Highspeed Fotografie schonn hunn, experimentéiere mer och domat a geheien z.B. Uebst oder soss Geméiss an d'Waasser a knipsen de Moment, wou d'Saachen an d'Waasser falen.

Niewt Fotoapparat also w.e.g. Stativ a Fernausléiser matbréngen. Dir braucht kee Makroobjektiv, ma äert Objektiv muss fir den Noberäich geeegent sinn.

P.s.: Déi Memberen, déi hei dobäi wëlle sinn, solle sech w.e.g. beim President umellen. Den éischten ass vir a bei 10 ass Schluss. Ausserdem hale mer drop, datt jiddereen am Studio seng Mask un huet.