Programm 2021

De Programm fir 2021 ass an der Aarbecht!

Déi fest ageplangte Méindesversammlungen (c.f. "Versammlungen") stinn zwar um Kalenner, ma wéinst den aktuelle Covid-Restriktiounen kënnen se bis op Weideres net ofgehale ginn. Aus dem selwéchte Grond ass et eis och net méigelech, elo schonn e festen Datum fir eng Clubaktivitéit unzeginn. (Ausnam: Salon d'Auteurs vum 22.4. - 2.5.2021)

Mir wäerten awer demnächst eng Lëscht mat Aktivitéiten (fir den Ufank mol ouni dozou passenden Datum) publizéieren. Wann déi sanitär Situatioun dann eng Versammlung am Studio oder eng Aktivitéit dobaussen erlabt, gëtt dat zäitno matgedeelt !