Walfer Vollekslaf

Wéi all Joer (mat Ausnahm vun 2020) maache mer och dëst Joer nees de Foto-Reportage vum Vollekslaf.

Gefrot si Fotoe vum Départ an der Arrivée vu sämtleche Coursen! Awer och d'Ambiance um Site an de Warm-up vun de Minien ass wichteg geknipst ze ginn, grad wéi d'Podiummen an d'remise des prix. 

Wien Zäit a Loscht huet fir hei matzemaachen mellt sech w.e.g. bis spéitsdens den 1. Oktober beim President un! Wie kuerzfristeg decidéiert matzemaachen, soll w.e.g. mat Zäit beim Biergercenter beim Walfer Rond-Point sinn!

De RV. fir d'Fotografen ass spéitsdens um 9:15 Auer beim Biergercenter, fäerdeg Covid gecheckt. Also w.e.g. äre "Pass" an och är Mask net vergiessen. D'Entrée op de Site ass fir eis duerch de Covid-Check "VIP" am Passage beim Biergercenter!