Focus stacking

Wie beim Salon matgemaach huet a seng Biller sonndes owes nach net ewech geholl hat, soll w.e.g. um 18:30 Auer (Auerzäit kann nach änneren!) an d'CAW kommen oder engem Kolleeg Bescheed soen, datt deen d'Biller ewech hëllt.

Um 19:00 Auer treffe mer eis dann am Studio a beschäftegen eis mat Focus-stacking bei Makro- a Landschaftsopnamen, fir d'éischt kuerz an der Theorie an duerno, wann d'Wieder matspillt gi mer eraus a maachen eis Landschafts-Testfotoen dobaussen, eventuell an de Krommelängten, lanscht d'Uelzecht oder op der Bréck tëscht der rue de l'Eglise an der Garage Losch. Wann d'Wieder net matspillt, bleiwe mer am Studio a probéieren e puer gestackte Makro-Fotoen resp. Noopnamen ze maachen.

Wien um Thema interesséiert ass an dobäi wëll sinn, soll sech w.e.g. am Viraus beim President umellen.