Photo-Meet (Retrospective 2020 - Fotoe vun de Clubaktivitéiten)

Mir kucken an analyséieren zesummen déi Fotoen, déi eis Memberen op eise Server héichgelueden hunn. RV. am Studio e Méindeg, de 7.9. um 20:00 Auer.

All Member däerf maximal 10 Fotoen vun de 5 Aktivitéiten (Befort, Miersch, Gronn, Kierchbierg, Fotoshooting) héichlueden a muss seng Fotoen och dementspriechend kloer an däitlech beschrëften (Initialen a lafend Nummer).

Maximal 10 Fotoen heescht, 2 Fotoë vun jidder Aktivitéit oder 10 vun enger oder iergendeppes dotëscht ...!

Akzeptéiert gi suwuel schwarz/wäiss (resp. monochrome) wéi och faarwech Fotoen

De läschten Delai fir d'Fotoen eropzelueden ass de Sonndeg, 06/09/2020 (inkl.)

Wien säi Passwuert vergiess huet, kann dat beim President nofroen.