Walfer Foto-Frėnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 2021

 

2021 huet ugefaangen, wéi 2020 opgehalen huet: Covid-Restriktiounen.

Dat heescht, bis op Weideres keng "normal" Clubaktivitéiten! Keen Neijoerschpatt, keng Versammlungen ...

Trotzdem si mer am gaangen e Programm opzestellen, deen och demnächst publizéiert gëtt. Fir den Ufank nach ouni Datummen, ma soubal d'Ëmstänn et nees erlaben, huele mer déi eenzel Programmpunkten selektiv aus dem Tirang an deelen eise Memberen se mat. Op dëser Plaz an och per InfoMail.

Schwéierpunkt 2021 ass natiirlech eise "Salon d'Auteurs" vum 22. Abrëll bis den 2. Mee 2021 an der CAW zu Walfer. Den Datum ass ewell konfirméiert an ausser Covid-19 mécht eis e Stréch duerch d'Rechnung, fënnt de Salon och statt. Fir all Fäll preparéiere mer och e "virtuelle" Salon a weise sämtlech Fotoen an enger Salon d'Auteurs-Galerie hei op eisem Site.

En attendant, datt sech eist Liewen e bessi normaliséiert an datt mer eis nees ouni gréisser Aschränkungen treffe kënnen, wënschen ech iech e schéint a glécklecht Neit Joer 2021.

Bleift alleguer gesond!

Patrick Heller

President