Walfer Foto-Frėnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 Programm 2022 - Allgemeng Informatiounen

Well mer momentan net dovun ausginn, datt déi sanitär Situatioun sech an den nächste Wochen a Méint verbessert, fuere mer bis op Weideres esou weider, wéi mer dat 2021 gemaach hunn.

- eis traditionnell Méindesreuniounen (sauf imprévu ëmmer den 1. Méindeg am Mount) bleiwe weider bestoen, sinn awer wéinst Corona op 10 Leit begrenzt (=> umelle w.e.g.!). Feste Bestanddeel vun dëse Reuniounen ass, datt all kéiers een anere Member wärend 15 - 20 Minutten seng Fotoe presentéiert an duerno de Kolleegen*innen Ried an Äntwert steet;

- Niewt de fest programméierte Méindesreuniounen bidde mer weiderhin och Aktivitéiten un, déi ëmmer eréischt dann an de Programm opgeholl ginn, wa se sech ubidden;

- Grondsätzlech komme sämtlech Clubaktivitéiten (mat Zäit) an de Programm stoen! Kuerzfristeg organiséiert Eventer ginn an den News ugekënnegt an, je no Envergure, och per InfoMail matgedeelt.

- Zanter 2021 existéiert eng WhatsApp-Grupp mam Numm "Clubaktivitéiten", wou aktiv Membere sech iwwer aktuell Aktivitéiten austauschen a wou dann och kuerzfristeg méigelech Aktivitéiten (z.B. Modelshootingen) ugekënnegt ginn. All aktive Member ka sech an dës Grupp aschreiwe loossen! (Ufro beim President!) 

- Wéinst Corona gi momentan vill Aktivitéiten, besonnësch déi dobannen, am "klenge Krees" ofgehalen. Wann e Member z.B. eng Fotosaktivitéit plangt, seet en entweder engem oder méi Memberen direkt Bescheed oder hie mellt seng Aktivitéit am Club un an da kënne sech him aner Interessenten uschléissen. Fir esou Clubaktivitéiten besser ze koordinéieren hu mer eng WhatsApp-Grupp gegrënnt, wou all Interessent sech kann androe loossen;

 D'Datumme vun de Méindesreunioune fir d'Joer 2022 fannt der ënner "Versammlungen" an, mat weider Detailler, am "Programm"!