Walfer Foto-Frėnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 Fotosausstellung "Impressioune vun de Walfer Bicherdeeg 2019"

Den Donneschdeg, 4. November 2021 um 11:30 Auer ass bei der Maison Dufaing zu Walfer (beim Rondpoint, niewt dem Hôtel Moris) de Vernissage vun eiser open-air Fotosausstellung "Impressioune vun de Walfer Bicherdeeg 2019".

Um Parvis vum Dufaingshaus si 16 groussformateg schwaarzwäiss Fotoen ausgestallt, déi während der 25. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg am November 2019 entstane sinn.

Et ass kee Reportage mat Biller iwwer dat, wat am November 2019 zu Walfer lass war. Et sinn di ganz perséinlech Impressiounen vun de respektive Fotografen, alleguer Member bei de Walfer Foto-Frënn, déi esou een net alldeegleche Bléck op d'Bicherdeeg an op d'Aktivitéiten an d'Evenementer ronderëm erlaben.

Jiddereen ass häerzlech invitéiert beim Vernissage dobäi ze sinn oder sech d'Ausstellung an den Deeg duerno ukucken ze kommen.

D'Ausstellung ass nach bis den 21.November ze gesinn.