Walfer Foto-FrŽnn a.s.b.l.

de Walfer Fotosclub

since 1984

 Rezent Aktivitťiten

Wéinst de Covid-19 Bestëmmungen bidde mer bis op Weideres bekanntlech keng Aktivitéiten an eisem Lokal/Studio un.

Dofir hate mer awer den 31. Oktober e Fotowalk mat Schwéierpunkt "Bëschchampignonen" an den Helsemer Bësch organiséiert. 12 vun eise Memberen waren dem Opruff nokomm a konnte bei beschtem Wieder an ënner der Féierung vum Här Fernand Schiltz, eng Onmass vu Pilzer fannen an am Bild festhalen. Hir Fotoe fannt der momentan an der Member Area an e puer dovu lafen hei am Diaporama.

Doniewt haten e puer Membere sech spontan e Sonndeg, den 8. November, zu Miersch am Park Rendez-vous ginn, fir Levitatiounsfotoen ze probéieren. Déi Fotoe kënnt der iech an der Fotogalerie vum Club ukucken.